Luxchat

Schnellstart-Guide

SCHNELLSTART-GUIDE

SCHNELLSTART-GUIDE

Point-logo
Point-logo
Point-logo

LĂ«tzebuerger Handysnummer

Fir Luxchat benotzen ze kënnen, musst Dir eng lëtzebuergesch Handysnummer hunn. Fir Frontalieren, déi keng lëtzebuergesch Handysnummer hunn, gëtt den Ament eng Léisung gesicht.

Äre Luxchat-Prestataire auswielen

Luxchat ass eng national App, an dĂ€r Dir bei Ärer Umeldung Äre Luxchat-Prestataire aus enger Drop-down-LĂ«scht auswiele kĂ«nnt.

LuxID, fir Äre Luxchat-Kont anzeriichten, a Luxchat-Login

Dir musst e LuxID-Kont hunn, fir Luxchat benotzen ze kĂ«nnen. Wann Dir Äre Luxchat-Kont ariicht, gitt Dir op de LuxID-Portal Ă«mgeleet. Hei gitt Dir no den Informatioune gefrot, dĂ©i fir d’Kreatioun (oder d’IwwerprĂ©iwung) vun Ärem LuxID-Kont nĂ©ideg sinn.

Verschlësselungspasswuert

Mat dĂ«sem Passwuert kĂ«nnt Dir den Historique vun Äre MessagĂ« recuperĂ©ieren, wann Dir en neien Telefon kritt. Et ass och obligatoresch, fir Är Noriichten op engem zweete GerĂ€t liesen ze kĂ«nnen. Fir d’Passwuert festzeleeĂ«n, klickt op d’Ikon vun Ärem Avatar (Är Foto), dann op „ParamĂštres utilisateur” (Benotzerastellungen) – „SĂ©curitĂ©â€ (SĂ©cherheet) – „Configurer” (KonfigurĂ©ieren)

Luxchat-ID

Är Luxchat-ID ass Är eenzegaarteg Identifikatioun am Luxchat. Et ass wĂ©i follegt zesummegesat: @XXXXXXXXXXXX:nom-serveur.lu (zum Beispill: @eowmdnfocifg:01.lu-cix.luxchat.lu).

Dir fannt Är Luxchat-ID:
– entweder an dem Chatraum: “Welcome”;
– entweder op iPhone, Windows, macOS a Browser andeems Dir op Är Profilfoto uewen lĂ©nks op der Luxchat HaaptsĂ€it klickt an dann op “Benotzer Astellungen” klickt;
– oder op Android andeems Dir op den MenĂŒ Ikon uewe lĂ©nks op der Luxchat HaaptsĂ€it klickt.

WĂ©i fannt Dir en anere Luxchat Benotzer: den Annuaire national?

  • Fir en anere Luxchat-Benotzer ze fannen, musst Dir de MenĂŒ „Commencer une discussion” (Chat starten) benotzen, deen ugewise gĂ«tt, wann Dir op dat klengt BlĂ€istĂ«ft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android Ă«nne riets op Ärem Handy klickt.
  • Gitt den Numm vun der Persoun an, dĂ©i Dir sicht:
    • entweeder gĂ«tt hiren Numm ugewisen;
    • oder si steet net Ă«nnert dĂ«sem Numm am Annuaire.

Et gëtt drop higewisen, datt an dësem Regëster nëmme Benotzer agedroe sinn, déi hiren Accord ginn hunn.

Wéi dréit ee sech an den Annuaire national an?

AkzeptĂ©iert d’Invitatioun vum Annuaire national an tippt dann: !ajouter

WĂ©i mellt ee sech aus dem Annuaire national of?

Gitt an den Chatroom „Annuaire National” an tippt dann: !retirer

Wéi kommunizéiert een zu zwee?

o   Benotzt de MenĂŒ „Commencer une discussion” (Chat starten), deen ugewise gĂ«tt, wann Dir op dat klengt BlĂ€istĂ«ft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android Ă«nne riets op Ärem Handy klickt.

o   Gitt de Benotzernumm an, a wa kee Resultat ugewise gëtt, steet de Benotzer net am Annuaire.

o   An deem Fall musst Dir d’Luxchat-ID aginn, dĂ©i Dir vum Benotzer, mat deem Dir kommunizĂ©iere wĂ«llt, krut.

o   Schéckt en éischte Message.

Wéi kommunizéiert een zu e puer Persounen?

o   Benotzt de MenĂŒ „CrĂ©er un salon” (Chatroom ariichten), deen ugewise gĂ«tt, wann Dir op dat klengt BlĂ€istĂ«ft- a Pabeiersymbol um iPhone oder op d’Blos mat de Symboler + an enger Spriechblos op Android Ă«nne riets op Ärem Handy klickt.

o   Gitt den Numm vun all Benotzer an, a wa kee Resultat ugewise gëtt, steet de Benotzer net am Annuaire.

o   An deem Fall musst Dir d’Luxchat-ID aginn, dĂ©i Dir vum Benotzer, mat deem Dir kommunizĂ©iere wĂ«llt, krut.

o   Schéckt en éischte Message.