Luxchat

Luxchat

SÉCHER A VERTRAULECH

MAT

KOMMUNIZÉIEREN

SÉCHER A VERTRAULECH MAT KOMMUNIZÉIEREN

Luxchat, d'LĂ«tzebuerger Instant Messaging-LĂ©isung

Luxchat, d’LĂ«tzebuerger Instant Messaging-LĂ©isung

De Luxchat-DĂ©ngscht fir Privatleit a Betriber gĂ«tt vun enger CommunautĂ©it vu private LĂ«tzebuerger EntreprisĂ« mat der ËnnerstĂ«tzung vun der Chambre de Commerce zur VerfĂŒgung gestallt a finanzĂ©iert, wĂ€rend et sech bei Luxchat4Gov Ă«m e professionellt Instrument handelt, dat de Staat de Mataarbechter vum Ă«ffentleche Secteur zu LĂ«tzebuerg zur VerfĂŒgung stellt.

Luxchat fir Privatleit a Betriber gĂ«tt benotzt, fir datt zwou oder mĂ©i Persounen op eng direkt, sĂ©cher a vertraulech ManĂ©ier matenee kommunizĂ©iere kĂ«nnen. DĂ«s LĂ©isung ass gratis, ouni Reklammen, et gi keng persĂ©inlech DonnĂ©eĂ« benotzt an d’PrivatsphĂ€r vun de Benotzer gĂ«tt respektĂ©iert.
Luxchat gĂ«tt zu LĂ«tzebuerg bedriwwen a fir eng maximal SĂ©cherheet ze garantĂ©ieren, sinn d’Kommunikatiounen Enn-zu-Enn-verschlĂ«sselt.
D’Benotzer kĂ«nnen Textnoriichten, Dokumenter, Fotoen a Videoen an individuellen oder Gruppen-„Chatrooms” deelen. Si kĂ«nnen och en anere Benotzer mat oder ouni Video uruffen, hir geografesch Positioun deelen a villes mĂ©i.
De LU-CIX, d’Chambre de Commerce an de MinistĂšre fir DigitalisĂ©ierung hu sech zesummegeschloss, fir Luxchat fir d’Privatleit (dĂ©i ganz BevĂ«lkerung an d’Frontalieren) an d’Entreprisen ze lancĂ©ieren.
Luxchat4Gov ass de professionellen Instant Messaging-DĂ©ngscht fir d’Mataarbechter aus dem Ă«ffentleche Secteur, dee vum Staat zur VerfĂŒgung gestallt gĂ«tt. Luxchat4Gov gĂ«tt zu LĂ«tzebuerg bedriwwen, a fir eng maximal SĂ©cherheet ze garantĂ©ieren, sinn d’Kommunikatiounen Enn-zu-Enn-verschlĂ«sselt. D’Mataarbechter aus dem Ă«ffentleche Secteur kĂ«nnen Textnoriichten, Dokumenter, Fotoen a Videoen an individuellen oder Gruppen-„Chatrooms” deelen. Si kĂ«nnen och en anere Benotzer mat oder ouni Video uruffen, hir geografesch Positioun deelen a villes mĂ©i.

Funktionalitéiten

Text- a Sproochnoriichten

Audio- a Video-Uriff tëschent zwou Persounen

„Chatrooms” fir zwou oder mĂ©i Persounen

Fotoen, Videoen an aner Fichiere verschécken

Standuert deelen (geoportail.lu)

Emojis benotzen

Eng verschéckten Noriicht Ànneren

Eng Noriicht lÀschen

Enn-zu-Enn-Verschlësselung

Keng Reklammen

Keng Vermaartung vu Benotzerdaten

Keen Tracking vun Ärem Standuert

Zu LĂ«tzebuerg gehost a bedriwwen

Enn-zu-Enn-Verschlësselung
Keng Reklammen
Keng Vermaartung vu Benotzerdaten
Keen Tracking vun Ärem Standuert
Zu LĂ«tzebuerg gehost a bedriwwen

Initiéiert an ënnerstëtzt vun

ËnnerstĂ«tzt vun

Technesch Partner

Luxchat4Gov ass zënter Mee 2023 op alle Plattformen a Betrib.

Luxchat fir Privatleit a Betriber ass op iOS, Android, Windows, macOS an am Web disponibel.