SÉCHER A VERTRAULECH
MAT
KOMMUNIZÉIEREN
SÉCHER A VERTRAULECH MAT KOMMUNIZÉIEREN
Luxchat, d'Lëtzebuerger Instant Messaging-Léisung
Luxchat, d’Lëtzebuerger Instant Messaging-Léisung
De Luxchat-Déngscht fir Privatleit a Betriber esou wéi och Luxchat4Pro gëtt vun verschiddenen privaten Lëtzebuerger Entreprisë mat der Ënnerstëtzung vun der Chambre de Commerce zur Verfügung gestallt a finanzéiert, wärend et sech bei Luxchat4Gov ëm e professionellt Instrument handelt, dat de Staat de Mataarbechter vum ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg zur Verfügung stellt.
Luxchat, Luxhat4Pro a Luxchat4Gov sinn interoperabel.
Luxchat, Luxchat4Pro a Luxchat4Gov Benotzer kënne matenee kommunizéieren.
Luxchat fir Privatleit a Betriber gëtt benotzt, fir datt zwou oder méi Persounen op eng direkt, sécher a vertraulech Manéier matenee kommunizéiere kënnen. Dës Léisung ass gratis, ouni Reklammen, et gi keng perséinlech Donnéeë benotzt an d’Privatsphär vun de Benotzer gëtt respektéiert.
Luxchat gëtt zu Lëtzebuerg vu verschiddene Prestataire bedriwwen. Fir eng maximal Sécherheet ze garantéieren, sinn d’Kommunikatiounen Enn-zu-Enn-verschlësselt.
D’Benotzer kënnen Textnoriichten, Dokumenter, Fotoen a Videoen an individuellen oder Gruppen-„Chatrooms” deelen. Si kënnen och en anere Benotzer mat oder ouni Video uruffen, hir geografesch Positioun deelen a villes méi.
Luxchat4Pro ass eng Instant-Messaging-Léisung (payante) aus dem Luxchat-Ökosystem, entwéckelt speziell fir Entreprisen an Organisatiounen mat héije Sécherheets-, IT Integratiouns- a Personnalisatiounsbedierfnesser.
Mat der selwechter App wéi de Public-Luxchat-Service, bitt Luxchat4Pro Iech en dedizéierten a kontrolléierten Ëmfeld, wärend et gläichzäiteg voll Interoperabilitéit mat alle Luxchat a Luxchat4Gov Benotzer garantéiert.
Luxchat4Gov ass de professionellen Instant Messaging-Déngscht fir d’Mataarbechter aus dem ëffentleche Secteur, dee vum Staat zur Verfügung gestallt gëtt. Luxchat4Gov gëtt zu Lëtzebuerg bedriwwen, a fir eng maximal Sécherheet ze garantéieren, sinn d’Kommunikatiounen Enn-zu-Enn-verschlësselt. D’Mataarbechter aus dem ëffentleche Secteur kënnen Textnoriichten, Dokumenter, Fotoen a Videoen an individuellen oder Gruppen-„Chatrooms” deelen. Si kënnen och en anere Benotzer mat oder ouni Video uruffen, hir geografesch Positioun deelen a villes méi.





Funktionalitéiten
Text- a Sproochnoriichten
Audio- a Video-Uriff tëschent zwou Persounen
„Chatrooms” fir zwou oder méi Persounen
Fotoen, Videoen an aner Fichiere verschécken
Standuert deelen (geoportail.lu)
Emojis benotzen
Eng verschéckten Noriicht änneren
Eng Noriicht läschen
Enn-zu-Enn-Verschlësselung
Keng Reklammen
Keng Vermaartung vu Benotzerdaten
Keen Tracking vun Ärem Standuert
Zu Lëtzebuerg gehost a bedriwwen